CGDIS4 Tëschefäll um Mëttwochowend, 5 en Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
4 Blesséierter gouf et e Mëttwoch am fréien Owend an engem Accident op der Collectrice Direktioun Péiteng.

Zwee Autoen haten sech kuerz no 17 Auer ze pake krut. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Schëffleng, Esch a Monnerech.

Kuerz no 18 Auer waren tëscht Sandweiler an Izeg zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Dann huet et nach zwee mol gebrannt. Zu Rodange an der Rue Clopp war an engem onbewunnten Haus Offall a Brand geroden an zu Iechternach an der Zone Industrielle war an engem Transformator ee Kabel a Brand geroden. A béide Fäll ass kengem eppes geschitt.

Och en Donneschdeg de Moien koum et tëscht 7 an 10 Auer zu am Ganzen 5 Accidenter.

Um 7.15 Auer krute sech zu Esch an der Rue de Tilburg 2 Autoen ze paken. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.

Kuerz no 7.30 Auer ass e Won op der CR 139 tëscht Lelleg an Hierber op d'Kopp gaang, och hei gouf et ee blesséierten.

Zu Krautem an der Hellenger Strooss gouf et en Accident mat engem Auto an engem Verwonnten géint 8 Auer. Ee weidere Blesséierten dann nach um 10.08  bei engem Accident mat 2 Ween zu Leideleng.

An op der Escher A4 krute sech um 10.11 Auer 5 Autoen ze paken, bei deem 2 Persounen verwonnt goufen.

Back to Top
CIM LOGO