Coronavirus zu Lëtzebuerg4 weider Persoune gestuerwen, vu 457 Tester waren der 29 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 772 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.120 aktiv Infektiounen. 59.988 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO