
Deemno konnt ee sech net op e “Plan de Maintien dans l’Emploi” eenegen, deen d’Gewerkschafte favoriséiert hätten, sou datt eng 40 Leit direkt wäerten hir Plaz verléieren.
De Robert Fornieri vum LCGB seet am RTL-Interview, datt bei Stugalux Construction de sozialen Dialog versot hätt.
Am Sozialplang, dee lo ausgehandelt gouf an iwwer 6 Méint leeft, geet wéi gesot rieds vu 65 Leit, wouvunner der eng 40 direkt entlooss musse ginn. 25 weider Leit wäerten iwwer déi nächst 2 Méint entlooss ginn.
Bei den anere Leit gëtt nach op Mesurë wéi fréizäiteg Departen, de Prêt vu Main d’Oeuvre un aner Baufirmen oder nach de Chômage partiel aus konjunkturelle Grënn gesat.
Alles an allem schaffe bei Stugalux Construction 254 Leit.
De Jean-Luc De Matteis sot am RTL-Interview, datt mat der Direktioun vu Stugalux Construction kee sozialen Dialog ze féiere gewiescht wier. D’Leit géifen elo op eng skandaléis Manéier entlooss ginn.