
Dovun hu ronn 23.000 Persoune kloergestallt, dass si refuséieren, Organer ze spenden. 42.000 Leit hu sech allerdéngs kloer fir eng Organspend ausgeschwat.
Fir knapp 70.600 Leit gëllt den automateschen Accord am DSP. Dat heescht si hunn enger Organspend op eng passiv Aart a Weis zougestëmmt, ouni dass se dat awer nach emol speziell präziséiert hunn.
Dat si Chifferen aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Deprez op eng parlamentaresch Fro.
Heiheem ass et vum Gesetz hier esou, dass u sech all Resident potentiell een Organspender ass. Et sief dann, et léisst ee schrëftlech festhalen, dass ee keng Organer spende wëll.
Depuis le 25 novembre 1982, le Grand-Duché du Luxembourg s’est doté d’une loi sur le prélèvement d’organes et de tissus humains. Elle a été publiée dans le Mémorial A le 3 décembre 1982. D’après cette loi, chaque résident du Grand-Duché est donneur potentiel d’organes, c’est-à-dire que les organes et tissus peuvent être prélevés après le décès de toute personne ayant eu son dernier domicile légal à Luxembourg et n’ayant pas, de son vivant, fait connaître, par écrit, son refus à un tel prélèvement. Il y a donc une présomption de solidarité par laquelle on considère que, sans opposition de son vivant, chacun accepte de faire don de ses organes après sa mort.
Source: Ministère de la Santé
Detailer kritt Dir op “protransplant.lu”