Uni LëtzebuergZwee Professere fuerderen Ännerungen um Unisgesetz

Michèle Sinner
D’Uni feiert an zwee Joer 25. Anniversaire, ma hir Opstellung an de Fonctionnement wären zanterhier ni fundamental iwwerduecht ginn, heescht et am Oppene Bréif vun den zwee Professeren.
© RTL-Archiv

Den Droitsprofesser a Verfassungsexpert Luc Heuschling an de Geschichtsprofesser Benoît Majerus fuerderen an engem oppene Bréif am Lëtzebuerger Wort, datt d’Unigesetz geännert gëtt.

Wat déi rezent Artikelen a Reportagen ugeet, iwwer Harcèlement, Interessekonflikter an Dysfonctionnementer op der Uni, huele si keng Positioun, weder an déi eng, nach an déi aner Richtung. Si stellen awer fest, datt déi Organer, déi fir d’Ecoute, d’Mediatioun an d’Representatioun zoustänneg sinn, hir Roll net voll géife spillen – soss missten d’Leit sech net un d’Press wenden. Si sinn och der Meenung, datt d’Tentativë fir déi Leit ze diskreditéieren, andeems verschiddentlech gesot gouf, si wéilten der Uni schuede respektiv d’Ëmkéierung vun de Muechtverhältnisser net deem entsprieche wat d’Uni soss priedegt, wéi ee mat Harcèlement ëmzegoen hätt. Si kritiséieren och den Ëmgank mat der Press, déi an dësen Zäiten a ville Länner diskreditéiert gëtt.

Si gesinn e “strukturelle Malaise” an der staark hierarchiséierter a wéineg demokratescher Organisatioun vun der Uni. Mat datt Decisioune vun uewen erof geholl ginn, wier esou am Unisgesetz verankert. Si schloen dofir vir, datt de 25. Anniversaire als Ulass hëlt, fir d’Gesetz ze iwwerschaffen en vue vun enger méi kollegialer Gouvernance vun der Uni, an där et méi “Checks and balances” fir de Pouvoir gëtt an d’Unisgemeinschaft méi an d’Decisiounsprozesser agebonne gëtt.

Den Droitsprofesser a Verfassungsexpert Luc Heuschling ass ee vun den Auteure vum oppene Bréif.
Den Droitsprofesser a Verfassungsexpert Luc Heuschling ass ee vun den Auteure vum oppene Bréif.
© RTL-Archiv

Back to Top
CIM LOGO