D’Emissioun Background e Samschdeg stoung am Virfeld vum Weltfraendag ganz am Zeeche vun de Fraerechter an de strukturellen Ongerechtegkeeten, déi et haut nach ëmmer tëscht de Geschlechter gëtt. Ee ganz grousse Sujet war besonnesch d’Gewalt. D’Organisatiounsplattform JIF vun der feministescher Marche e Sonndeg an der Stad setzt dëst Joer besonnesch de Fokus op d’Gesondheet.
Invitéeë waren d’Kim Esteves, chargée d’éducation sexuelle et affective vum Planning Familial, d’Claire Schadeck vum feministeschen Dokumentatiounszener CID Fraen a Gender, d’Dokter Yolande Wagener vu Médecins du Monde, déi fir en universelle Gesondheetszougang fir jiddereen antrëtt, an d’Dokter Michèle Kayser-Wengler, Presidentin vu Pro Familia an Info-Mann, deen 2012 als éischte Consultatiounszenter fir Männer iwwerhaapt hei am Land gegrënnt gouf, ënnert anerem fir Männer a Jongen en Charge ze huelen, déi Affer vu Gewalt goufen.
Dee gréisste Chantier gesäit d’Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender nach ëmmer am strukturelle Sexismus, deen an der Gesellschaft verankert wier a wéinst deem haut nach Ongerechtegkeete bestinn. Si huet an deem Kontext bedauert, datt trotz der gesetzlecher Méiglechkeet vill Männer awer haut nach ëmmer d’Flexibilitéit beim Congé parental refuséiert kréichen. Mam Argument et wier jo nach eng Mamm doheem, déi sech këmmert.
Och d’Gewaltproblematik wier strukturell, sot d’Dokter Yolande Wagener. Prekär Aarbechtsverhältnisser, d’Logementskris géifen d’Gewaltpotential verstäerken. Si fuerdert méi Zivilcourage fir Fäll ze denoncéieren a se domadder public maache – och vun hire Confrèren..
E Knackpunkt wier dacks, datt d’Fraen eréischt doheem rausginn, wann ee bis un hir Responsabilitéit als Mamm appelléiert, sot d’Dokter Kayser Wengler. Si selwer hätt scho selwer ausgesot um Geriicht a géif Certificaten ausstellen. Mä dat géifen nach laang net all d’Doktere maachen.
D’Vertriederin vum Planning familial Kim Esteves huet d’Gewalt am ëffentleche Raum mat an d’Diskussioun bruecht. Soulaang de Planning gefrot géif ginn, fir Formatioune bei Meedercher an der Schoul ze maache fir hinnen ze soen, datt se sech undoe kënnen, wéi se wëllen an net gesi gëtt, datt de Problem op der anerer Säit léich, wier d’Problematik net erkannt.
An de leschte Jore wier weltwäit och am Netz eng antifeministesch Beweegung grouss ginn, huet d’Claire Schadeck bedauert. Online géif vu verschiddenen en Haass op Frae propagéiert, deen och säin Néierschlag an der Realitéit fanne géif. Do misst ee rëm dovunner fortkommen. Och hei wier deemno Zivilcourage gefrot, sou d’Vertriederin vum CID Fraen an Gender.
D’Associatioun Info-Mann schafft exklusiv mat Jongen a Männer. Si géifen e séchere Kader bidden, wou och Jonge Gefiller kéinte weisen. Verschidde Bouwe kéinte sech just mat Roserei wieren, och well de deels vun doheem aus schlecht Beispiller kréien. D’Formatioun “Ech kämpfe fair” wier scho fir dëst Joer ausgebucht.
Ugeschwat op déi grujeleg Vergewaltegungsaffär vun der Gisèle Pelicot oder d’Revelatiounen aus den Epstein-Files, sot d’Kim Esteves vum Planning familial, dat Ganzt géif weisen, wéi fragil Fraerechter sinn. Ëmmerhi gëtt et elo awer ëffentlech gemaach, sou d’Dokter Kayser Wengler. D’Claire Schadeck huet hirersäits gemengt et wier duerchaus erschreckend datt et sou “pervers Fäll” bräicht, datt iwwerhaapt driwwer geschwat gëtt.
An der Chamber ass dës Woch mat grousser Majoritéit dofir gestëmmt ginn, fir d’Fräiheet fir ofzedreiwen an d’Verfassung anzeschreiwen. D’Vertriederin vum Planning familial huet de Schrëtt ausdrécklech begréisst. Doduerch hätt een eng Ofsécherung fir d’Zukunft. An der Praxis géif sech näischt änneren – et wier also e symbolesche Schrëtt.
Grouss Bedenken huet d’Dokter Michèle Kayser-Wengler iwwert Internetphänomener wéi d’"Tradwives” ausgedréckt. Fraen, déi déck gestyled mam Puppelchen um Aarm hirem räiche Mann kachen a sech freeën, net mussen schaffe ze goen, géifen e komplett verzerrte Bild weisen. Sou eppes géif eis iwwer méi wéi 50 Joer zréckgeheien.
E Samschdeg waren d’Kim Esteves, d’Claire Schadeck, d’Dr. Yolande Wagener an d’Dr. Michèle Kayser-Wengler eis Invitéeën.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.