Iran, Logement, Steieren oder nach d‘Klimapolitik. De politesche Menü um grénge Kongress war gutt gefëllt. Wéi erwaart gouf net mat Kritik un der Regierung gespuert.
“Mir sinn do fir ze bleiwen, och wann emol e raue Wand bléist”
D‘Wierder vun der Europadeputéiert Tilly Metz beschreiwen d‘Stëmmung gutt, well déi ass nees gutt, nodeems e raue Wand déi Gréng am Hierscht 2023 bal ganz aus der Chamber eraus geblosen hat.
Déi international Aktualitéit ass manner gutt a bereet de Grénge Suergen. D‘Co-Presidentin Stéphanie Empain verlaangt, datt d‘Regierung sech kloer hannert d‘international Reegele stellt. Dee leschte misst och elo gemierkt hunn, datt Europa a punkto Energie méi onofhängeg muss ginn, sou d‘Stéphanie Empain. Sauer opgestouss ass de Gréngen d‘Ausso vum CSV-Inneminister Léon Gloden, deen op RTL gesot hat, datt hien et komesch fënnt, datt ukrainesch Männer net kämpfen, mä d‘Land verloossen
“Dat wat hien do gesot huet, dat war net nëmmen onsensibel, dat war, kalkuléiert oder net, eng falsch Duerstellung vun de Fakten. An dat muss ee soe vun engem, dee sech schonn zu Gréiwemaacher anscheinend esou onsécher fillt, dass e quasi virun der eegener Hausdier ugefaangen huet d’ Police locale patrulléieren ze loossen”
Fir den Ëmgang mat Flüchtlinge géing hie sech fir Lëtzebuerg schummen, sou de François Benoy, Co-Parteipresident. D‘Zoustänn an de Flüchtlings-Strukture wieren inakzeptabel. Et géing een ëmmer nees erféieren, wéi d‘Regierung vun de kalen Häerzer mat de Schwaachen ëmgeet. De Fokus léich eleng op der Ekonomie, ma d’Wirtschaft géing trotzdeem net dréien, stellen déi Gréng fest.
Klimapolitik wier kee Lifestyle-Problem, sou d‘Presidentin vum parlamentaresche Grupp Sam Tanson.
Déi Gréng verlaangen eng Erhéijung vu Mindestloun a Grondrent. Bei de Steiere géingen déi ganz uewe leider ze vill entlaascht ginn.
Am Logement misst et zum Beispill virugoe mam Loyersdeckel, der Besteierung vun eidelen Terrainen a Wunnengen a mat Wunnraum an ëffentlecher Hand. D‘Sam Tanson huet um Enn vun hirer Ried duergestallt, u wat déi Gréng gleewen.
“Un e Land, an deem Wunne bezuelbar gëtt, un e Land, dat massiv an erneierbar Energien investéiert, un e Land, dat keen ausschléisst, un e Land, an deem Sécherheet a Mënscherechter Hand an Hand ginn, un e Land, dat fir seng Wäerter asteet.”
Mat neie Statute wëllen déi Gréng déi eege Strukture stäerken an zum Beispill op lokalem Niveau méi Presenz weisen.