Coronavirus zu Lëtzebuerg47 nei Fäll, 8 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, vu 54 op 62 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 47 positiv geteste Patienten zënter e Freideg

D'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ass ëm 8 Persoune geklommen a läit elo bei 62, d'Altersmediane läit bei 86 Joer.

Aktuell sinn 210 Patienten hospitaliséiert, dovun 33 op der Intensivstatioun.

Positiv ass, am ganzen konnte 444 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO