Coronavirus zu Lëtzebuerg486 Positiver bei 2.983 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 910 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 65 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.049.153 Impf-Dosisse genotzt. 4.186 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 90,81 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 69,84 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO