
Eng Geldstrof vu 5.000 Euro: Dozou gouf en Donneschdeg de Mëtteg um Stater Geriicht e Mann veruerteelt, deem virun allem de Besëtz vu kannerpornografeschem Material virgehäit gi war.
De Mann war iwwregens 2016 scho wéinst sexuellen Iwwergrëffer op Mineuren zu enger Prisongsstrof vu 5 Joer, zwee dovu mat Sursis probatoire, condamnéiert ginn.
Hie war zum Zäitpunkt vun deene Faiten, tëscht September 2013 a Summer 2015, als Futtballtrainer aktiv.