1125 Accidenter mat 9 Blesséierten e Freideg op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Beetebuerg an Helleng, Ierpeldeng a Fréiseng an zu Hollerech sinn e Freideg den Owend all Kéier Autoen net laanschtenee komm.
© RTL Archiv

Ee Blesséierte gouf et och bei engem Accident op der Escher Autobunn tëschent Märel an dem Zéissenger Kräiz, an dee 4 Gefierer verwéckelt waren.

Géint 21.30 Auer e Freideg den Owend goufen 3 Persoune verwonnt, wéi sech en Auto tëschent dem Biergerkräiz a Bäreldeng iwwerschloen huet.

An 2 Blesséierter gouf et 3.20 Auer an der Nuecht op e Samschdeg op der Areler Autobunn tëschent Helfent a Stroossen. Hei sinn 2 Autoen anenee geknuppt.

Back to Top
CIM LOGO