Bulletin vum CGDIS5 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 3 Accidenter zu deenen et e Méindeg am Laf vum Mëtteg op eise Stroosse komm ass.

Géin 12.20 Auer hat sech zu Réiser an der Rue Schlammeste 2 Autoen ze pake kritt. D’Secouriste vun Diddeleng, Beetebuerg a Réiser waren hei op der Plat, fir sech ëm 3 blesséiert Persounen ze këmmeren.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi géint 15.10 Auer an der Route d’Ettelbruck zu Angelduerf 3 Autoen aneneegerannt waren. Hei war d’Ambulanz aus der Nordstad am Asaz.

Um 16.20 Auer waren dann um CR132 tëscht Mënsbech an Nidderaanwen 2 Autoe matenee kollidéiert. D’Ambulanz aus der Stad war hei op der Plaz, fir sech ëm ee Blesséierten ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO