CGDIS5 Blesséierter bei 3 Accidenter vun e Freideg op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 17.40 Auer sinn op der Tréierer A1 op der Héicht Mäertert-Potaschbierg 2 Autoen aneneen gerannt. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.
© CGDIS

Kuerz no Hallefnuecht ass een Auto tëscht Bruch an Récken bäigaangen. Do gouf et ee Blesséierten.

Zu Duelem an der Hossegaass gouf et um Samschdeg géint 2.10 Auer eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Dobäi sinn zwou Persounen blesséiert ginn. De schëllege Chauffer vum Auto hat ze vill gedronk. E Fuerverbuet war d’Konsequenz.

Zu Péiteng dann hat et e Samschdeg de Moie géint 5 Auer nawell zolidd geknuppt, wéi en Automobilist mat sengem Gefier an e geparkte Won gerannt ass. Och hei war Alkohol mat am Spill an de Fürerschäi gouf agezunn.

Den 112 mellt um Samschdeg Nomëtteg dann och nach zwee Accidenter mat Motocyclisten.

Tëscht Alzeng an Haassel op dem CR162 ass géint 11.30 Auer e Motosfuerer gefall a gouf verwonnt. De Samu war op der Plaz.

Ee weideren Asaz fir de Samu an och d’Air Rescue gouf et géint 14.30 Auer zu Alschent um Schoulbierg. Och do ass eng Persoun mat hirer Maschinn gefall a gouf blesséiert

Back to Top
CIM LOGO