
Géint 6.20 Auer waren op der A6 Zéissenger Kräiz Richtung Gaasperecher Kräiz 2 Autoen anenee gerannt, woubäi 1 Persoun blesséiert gouf.
Ëm déi selwecht Zäit sinn zu Lénger an der rue de la Libératioun 2 Autoen net laanschtenee komm. Heibäi goufen 2 Persoune verwonnt. D'Ambulanz vu Péiteng, den Asazzenter vu Käerjeng an d'Police waren op der Plaz.
Op der N11 Gonnereng -> Waldhaff gouf hat et géint 8.30 Auer gerabbelt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Géint 8.50 Auer du gouf et en Accident op der A7 Tunnel Stafelter -> Waldhaff. Nees waren 2 Autoen am Coup an och hei gouf 1 Persoun blesséiert.