CGDIS5 Blesséierter bei 6 Accidenter vun e Mëttwoch op en Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.30 Auer war e Chauffer mat sengem Gefier op der A1 Richtung Gréngewald an d'kalifornesch Mauer gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.
© CGDIS

Kuerz virun 19 Auer dunn huet et tëscht der Gréiwelsser Barrière an Dippech gerabbelt. Hei waren 2 Gefierer net laanschtenee komm an et goufen 2 Persoune verwonnt.

Beim Accident kuerz virun 21 Auer an der Stad op der Place François-Joseph Dargent blouf et beim Materialschued.

Géint 23.40 Auer dunn ass op der A1 Gréngewald Richtung Sennengerbierg eng Automobilistin mat hirem Auto an d’Leitplanke gerannt. Si koum fir eng Kontroll an d’Spidol. Den Alkoholtest war positiv, de Führerschäin gouf awer net agezunn.

Géint 1.35 Auer um Donneschdeg gouf et en Accident tëscht Méchelbuch an Ettelbréck. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
De CGDIS huet gemellt, dass 2 Autoe kollidéiert wieren. D’Police dogéint schreift, dass en Automobilist an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, an an e Bam gerannt ass. D’Bäifuererin wier liicht blesséiert ginn. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv, de Führerschäin gouf awer net agezunn.

Back to Top
CIM LOGO