Am Lokalen5 Blesséierter bei Accidenter en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Op der A3 a Richtung Metz an zu Recken huet et en Dënschdeg den Owend geknuppt. Zu Hamm ass e Cyclist gefall.

Op der Diddelenger Autobunn si géint 19.34 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufe bei der Kollisioun verwonnt.

An der Stad an der Rue de la Montagne ass kuerz virun 20.30 Auer e Vëlosfuerer gefall a gouf blesséiert.

Ronn 20 Minutte méi spéit krut en Auto zu Recken an der Rue Principale en Haus ze paken. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO