
En Auto an e Camion waren dra verwéckelt. D’Rettungsekippe vu Jonglënster, Mäertert, Mensder an Nidderaanwen waren op der Plaz.
No 22 Auer krute sech op der Nordstrooss, Richtung Stad, tëscht Colmer Bierg an dem Mierscherbierg och en Auto an e Camion ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Ambulanz Nordstad war op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Biissen a Colmer Bierg. Wéi d’Police nach an hirem Bulletin präziséiert, war de Camionschauffer grad op d’Autobunn eropgefuer, wéi en Auto, dee grad vun hanne gefuer koum, an de Camionsunhänger geknuppt ass. De Mann am Auto gouf schro blesséiert a koum an d’Spidol.
Zu Zolwer an der Scheierhaffstrooss gouf et kuerz virun Hallefnuecht en Accident. Och hei gouf et ee Blesséierten.