Appellsprozess5 Joer huet e Bordell vun Tréier illegal Hausvisitten zu Lëtzebuerg ugebueden

RTL Lëtzebuerg
2018 koum et an deem Kader zu enger éischter Verhaftung.

Um Enn waren et sechs Persounen, déi sech hu mussen ugangs Zejoert wéinst Prostitutioun, Mënschenhandel a Blanchiment virum Stater Geriicht veräntwerten. Dorënner dräi Fraen a leedende Positiounen an dräi Chauffeuren.

All déi Bedeelegt waren zu Prisongsstrofe mat integralem Sursis verurteelt ginn. Déi Ugeklote sinn awer an Appell gaangen, mat der Haaptbegrënnung, net gewosst ze hunn, dass esou Hausvisitten am Grand-Duché illegal wieren.

En Dënschdeg de Mëtte geet de Prozess a seng zweete Ronn.

Back to Top
CIM LOGO