
Geschichtsunterrecht als Haaptfach an der Grondschoul an am Lycée gëtt gefuerdert.
De CovidCheck op der Aarbechtsplaz soll no hanne verréckelt ginn, bis dee méi klassesche Vaccin vun Novavax do ass.
Méi seriö Mesuren géint d’Fëmme gi verlaangt.
Walrecht vu 16 Joer un ass eng Propos a mir sollen eis op d’Zäit nom Covid-19 preparéieren, léieren dermat ze liewen.
Wéi ëmmer gëllt, komme méi wéi 4.500 Ënnerschrëften zesummen, muss ëffentlech an der Chamber debattéiert ginn.
Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.