
Iwwerdeems mellt de CGDIS eng Partie weider Accidenter, zu deenen et am Laf vum Freideg komm ass.
Um13 Auer war e Motocyclist zu Suessem gefall. D’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an de Samu vun Esch waren hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
E weidere Motocyclist war dann um 16.17 Auer zu Wolz gefall.
Géint 13.40 Auer hate sech zu Beetebuerg en Auto an e Moto ze pake kritt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanz vu Beetebuerg an den Asazzenter vu Monnerech waren am Asaz.
Eng weider Persoun gouf blesséiert, wéi sech géint 14.30 op der A13 bei Schëffleng 2 Autoen ze pake kruten. D’Asazentere vu Schëffleng an Esch waren op der Plaz.