500 Stéit hu sech gemellt, fir Leit aus der Ukrain bei sech opzehuelen, an eleng bei der Associatioun LUKraine sinn ewell iwwert 200.000 Donen agaangen. Wéi léisst sech dat alles nach koordinéieren a wat gëtt wierklech gebraucht?
RTL-Artikel: Ukrain-Krich: Dës Hëllefsorganisatioune sammele Spenden Beim Sammelpunkt um Site vun den Hôpitaux Robert Schuman luede scho moies déi éischt Leit hir Done fir d’Asbl LUkraine of. Bis zu 250 Leit hunn hei eleng en Donneschdeg waarm Decken a Pullovere laanschtbruecht. Fir d’Wueren ze empfänken an ze verpaken, schafft de Veräi mat der Klinik zesummen, erkläert den Nicolas Zharov, President vun der Associatioun. Vum Kierchbierg aus ginn d’Donen dann an e Lager op Mënsbech gefouert. Hei gi se da sécher op Palette gepaakt an a Polen gefouert.
Déi vill Pulloveren an Decke wiere gutt gemengt, géifen awer soulues e logistesche Problem ginn, zielt ee vun de Benevollen. Et géing u Plaz a Leit feelen, fir den Tri ze maachen. Lo ginn aner Saache gebraucht. “Mir brauche Paracetamol an aner Medikamenter, déi d’Leit kënnen an d’Apdikt siche goen a laanscht bréngen, awer och Antibiotiquen”, esou de Benevole Dan Edwards.
Nieft Medikamenter bräicht ee virun allem haltbar Liewesmëttel wéi Räis an Nuddelen, awer och Déierefudder. Schosssécher Westen an Helmer sinn och gefrot. LUkraine schafft am Moment mat gutt 200 Benevollen, et hofft een op eng séier Relève vum Staat fir déi weider Koordinatioun.
600-3.000 Flüchtlinge géifen erwaart - d’Leit ginn dann entweder direkt an eng Famill transferéiert oder kommen an e sougenannte Primo-Accueilzenter, wéi an der Luxexpo.
D’Familljeministesch Corinne Cahen erkläert, den Ausseministère géing sech dann ëm d’Pabeiere këmmeren.
500 Stéit hätte sech well gemellt, fir Leit opzehuelen. Et dierft een awer net vergiessen, dass dat e laangfristegt Engagement wier, dat ee benevole géing maachen, esou d’Familljeministesch.
Fir déi nächst Woch sinn da weider Entrevuë vun der Associatioun LUkraine mat der Regierung geplangt. Konkret soll et drëms goen, wéi déi ukrainesch Kanner kënnen an d’Schoul goen.
