
Wéi d'Police een Dag nom Brand mellt, goufen an der Zäit, an där d'Autobunn gespaart war a wärend den Opraumaarbechten am Ganzen 51 Chaufferen op der Géigefuerbunn dobäi beobacht, wéi si wärend dem Fueren hiren Handy benotzt hunn, fir entweder eng Foto ze maache oder ze filmen. Dës Chauffere kruten zum Deel schonn e Protokoll.
D'Police mécht an deem Sënn nach emol de Rappell, dass d'Benotze vum Handy wärend dem Fueren e Risiko duerstellt an net erlaabt ass. Wien erwëscht gëtt, riskéiert e Protokoll vun 145 Euro an 2 Punkten.