Et huet an der Vergaangenheet zu Situatioune gefouert, déi keen u sech wollt. Persounen, déi 52 Wochen an Zäit vun 2 Joer krank geschriwwe sinn, kréien den Ament nach automatesch hire Kontrakt gekënnegt. D'Regierung hat sech scho virun 3 Joer vis-à-vis vun de Gewerkschaften engagéiert, dat z'änneren. Laang sinn d'Diskussiounen net weider komm. E Méindeg awer gouf et tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften en Duerchbroch. Déi 3 Säite si sech prinzipiell driwwer eens ginn, e flexibele mi-temps thérapeutique am Gesetz ze verankeren.
Leit sollen engersäits d'Méiglechkeet kréien, fir zu 25, 50 oder 75% nees progressiv op hir Plaz zeréckzekommen. Op der anerer Säit kann d'Krankeschäilimitt ëm 26 Woche verlängert ginn, wann zum Beispill Komplikatiounen optrieden. D'Decisioun hëlt de Contrôle médical. De Patron gëtt informéiert a kann en Avis ginn. Deen ass awer net contraignant.
De Romain Schneider huet en Dënschdeg de Moie bei eis op der Antenne betount, besonnesch d'Patronat hätt sech an den Diskussioune vill beweegt. D'Patronen hunn nämlech laang drop bestanen, hiren Accord missen ze ginn.
D'Propose sinn e Méindeg majoritär vun UEL an OGBL ugeholl ginn. Den LCGB huet se net matgedroen. D'Gewerkschaft huet bis zum Schluss gefuerdert, d'52 Woche misste komplett aus dem Gesetz erausgeholl ginn. Dat koum fir de Minister Schneider awer net a Fro.
D'Changementer solle wa méiglech an den éischten 3 Méint vum nächste Joer a Kraaft trieden. D'Sozialpartner hätten all Zäit eng gutt Viraarbecht gemaach, sou de Romain Schneider, fir deen d'Adaptatioune vun den 52 Wochen, eegenen Aussoen no, eng vu senge Prioritéite war. No zwee Joer soll eng Evaluatioun gemaach ginn, ob d'Changementer wierklech dat bréngen, wat déi verschidde Säite sech dovunner verspriechen.
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de Romain Schneider, fir iwwer d'52-Woche-Regel ze schwätzen, fir den LCGB geet d'Ännerung net wäit genuch.
De Christophe Knebeler vum LCGB bleift dobäi. Déi 52-Woche-Krankeschäin-Regelung soll ofgeschaf ginn. Dat, wat de Minister Romain Schneider virgesäit, géif et souwisou schonn a Form vun enger Invalidité transitoire ginn, déi no den 52 Woche kann decidéiert ginn. Mat deem, wat elo um Dësch läit, géifen de Minister den OGBL an d'UEL nëmmen eng Schäinléisung proposéieren. Et ass eng sozial Guillotine och mat der neier Propose. Well d'Leit hir Plaz no 52 Wochen verléiere kënnen, wann zum Beispill d'Demande fir eng Verlängerung net mat Zäiten dobannen ass. Krank Leit hätten awer aner Suergen wéi eng prozedural Demarche.
D'Guillotine géif hannert administrativen Demarchë verstoppt ginn.
Hei géif et kee Versteesdemech fir déi Schwéierkrank ginn. Soss hätte mer eng richteg Léisung, esou nach de Christophe Knebeler.
Den LCGB seet just an der Fonction publique géif et keng vergläichbar Guillotine sociale ginn. De Privatsecteur géif hei benodeelegt ginn.
Schätzungen no wiere ronn 100 Leit d'lescht Joer duerch déi 52-Woche-Regelung op der Streck bliwwen.