
En Zeien hat der Police eng hefteg Ausernanersetzung tëscht engem Mann an enger Fra op engem Parking zu Wallerfangen an der Géigend vu Saarlouis gemellt. De Mann, deen zu Mettlach wunnt, gouf festgeholl an ass elo an Untersuchungshaft. Him gëtt versichte Mord reprochéiert.
Dat Ganzt ass e Mëttwoch de Moie fréi géint 5.50 Auer um Parking beim Spidol zu Wallerfangen geschitt, wéi d'Fra mat hirem Auto do fortfuere wollt. Den 53 Joer ale Lëtzebuerger soll seng Ex-Fra, déi och vu Lëtzebuerg ass, mat engem Messer ugegraff a liewensgeféierlech blesséiert hunn. D’Police huet spéider e Messer séchergestallt.
Iwwer d’Hannergrënn ass nach näischt gewosst. De Parquet huet de presuméierten Täter festhuele gelooss. Eng Enquête gouf lancéiert.