No Accident zu Kauneref e Freideg53 Joer alen Automobilist am Spidol gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Géint 22.30 Auer war e Freideg um CR316 tëscht Esch-Sauer a Kauneref een Auto an de Bam gaangen.
© RTL-Archivbild

Den Automobilist hat beim Iwwerhuelen d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war doropshin an e Bam gerannt.

Den 53 Joer ale Mann vu Kauneref gouf nom Accident an d’Klinick bruecht, hei ass hien an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen.

Fir déi genee Ëmstänn vum Dout ze klären, gouf vum Parquet eng Autopsie ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO