Coronavirus zu Lëtzebuerg543 Positiver bei 4.965 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 907 läit.
© RTL

Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 18 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.041.068 Impf-Dosisse genotzt. 7.546 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 126,66 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 65,78 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO