33 Ekippen, 250 RTL-City-Mataarbechter an 150 Invitéeën si fir de gudden Zweck pedalléiert. RTL Group huet pro Kilometer 5 Euro ginn.
Wéi all Joer waren och nees e puer Perséinlechkeeten dobäi, ënnert anerem de Mars di Bartolomeo, Max Hahn, Claude Wiseler, Martine Hansen, Henri Kox, Sam Tanson, Gilles Muller, Laurent Carnol, Luc Holtz, Martine Solovieff, Franz Fayot an d’Carole Hartmann.

Et ass déi 15. Editioun vum Télévie Challenge, deen 2005 fir d’éischt an d’Liewe geruff ginn ass. An den éischte véierzéng Joer si 725.000 € fir d'Recherche géint de Kriibs a speziell géint d'Leukemie gesammelt ginn. 117.000 Kilometer sinn an där Zäit pedalléiert ginn.
