
D'Altersmediane läit bei 84,5 Joer. Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 57 positiv geteste Patienten zënter e Freideg. Dat sinn der elo am Ganzen 3.537.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 33.252 gemaach. Bannent de leschte 24 Stonne waren et der 858 an dovunner waren der 57 positiv.
Aktuell sinn 180 Patienten (+2) hospitaliséiert, 32 (+3) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 601 Mënschen (+22) d'Spidol nees verloossen.
