CGDIS6 Blesséierter bei 3 Accidenter um Freideg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Op der N7 op der Héicht vum Fridhaff ass um 13.40 Auer de Chauffer vun enger Camionnette un d'Schleidere komm. Dee gouf derbäi verwonnt.

2 Camione krute sech ze paken um 13.47 Auer an der Industriezon zu Schëffleng “Um Monkeler”. 2 Leit goufen derbäi blesséiert.

Um 15.10 Auer kruten 2 Motocyclisten an en Auto sech ze paken um Vesquenhaff bei Déifferdeng. Hei goufen 3 Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO