
Op der A3 tëscht Léiweng an der Aire de Berchem gouf et géint 11.30 Auer eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion, hei gouf et ee Blesséierten.
Zu Ettelbréck an der Grand-Rue koum et géint 15.10 Auer zu engem weideren Accident, och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.
Géint 16.30 Auer krute sech tëscht der Cloche d'Or a Leideleng zwee Gefierer ze paken, hei gouf ee Blesséierte gemellt.
Zu Sandweiler an der Rue Principale gouf et iwwerdeems eng Kollisioun tëscht 3 Gefierer. Eng Persoun koum an d'Spidol.
Kuerz viru 17 Auer sinn zu Esch an der Lécker Strooss zwee Gefierer net laanschtenee komm, hei sinn zwou Persoune verwonnt ginn.