
Allkéiers ee Blesséierte gouf et zu Dippech an zu Nidderkuer, wou et géint 1.15 Auer, respektiv 1.20 Auer zu engem Accident tëscht 2 Autoe koum.
Zu Helzen, wou en Auto an e Bam gerannt ass, an tëscht Angelduerf an Ettelbréck, wou och e Won accidentéiert ass, gouf jeeweils 1 Persoun verwonnt.
De CGDIS mellt e Méindeg de Moien all Kéiers ee Blesséierten. Géint 20 bis 7 de Mueren um Briddel. Do ass en Auto am Gruef gelant. A géint 10 op 10 ass zu Péiteng e Motocyclist gefall.