Kéinten ... well alles bleift um Enn vun der Liwwerung vun den Impfdosissen ofhängeg. Méiglecherweis wäert den Impfzentrum dowéinst net konstant seng Dieren ophunn. D'Diana Hoffmann war op der Plaz.
Eng 200.000 Lëtzebuerger hunn d'Prozedur scho kennegeléiert. Et kënnt een an den Impfzenter eran, do weist ee seng Invitatioun a leet perséinlech Donnéeë vir. No kuerzer Zäit gëtt een an eng Kabinn geruff a kënnt geimpft eraus. Ma, fir datt d'Impfcampagne nach méi séier weider geet, goung no Esch, Ettelbréck, Mondorf a Findel en 2. Impfzentrum an der Stad, an der Luxexpo um Kierchbierg op. De Luc Feller, Haut Commissaire à la protection nationale erkläert:
„Mir sinn einfach lo op den Dag vun haut an enger Situatioun, datt mer genuch Vaccin hunn, fir e 6. Impfzenter opzemaachen. Dat ass fir dës Woch de Fall. Ech verheemlechen awer net, datt mer d’nächst Woch eng Woch hunn, wou mer manner Liwwerunge kréien a wou mer déi Liwwerungen, déi mer kréie mussen notzen, fir déi 2. Administratioun ze maachen. Et war leider och eng Liwwerung, déi eng Woch no hanne verréckelt ginn ass, sou dat dat mat sech bréngt, datt mer dann déi nächst Woch eventuell deen hei Centre erëm mussen e puer Deeg zoumaachen“.
D'Kapazitéit vum Zenter einfach erofzefueren, géing sech wéinst dem héije logisteschen Opwand net lounen, sou de Luc Feller.
Eng 12 Impfunge pro Stonn a pro File, also Kabinn, kënnen an de Centres de Vaccinations gemaach ginn. Den Ament sinn an der Luxexpo 6 Filen op, ma et sinn awer 48 Filen disponibel a sou kéint d'Kapazitéit bis op 42.000 Impfungen pro Dag eropgeschrauft ginn. Landeswäit wiere souguer bis zu 114 File méiglech. Héichgerechent géing dat bedeiten, dat bal 100.000 Leit d'Woch kéinte geimpft ginn. Den Ament geet d'Altersgrenz vun de Leit, déi geimpft gi lues erof, de Luc Feller:
"Mer invitéieren als éischt nom Alter. Do si mer jee no Regioun vum Land am Moment tëschent 46 an 48 Joer. Dann hu mer d’Lëscht vun de Volontairë vun Astrazeneca, wou ronn 33.000 Leit drop ageschriwwe sinn, an 19.500 invitéiert gi sinn, déi nach am Gaange sinn, geimpft ze ginn. Dann hu mer eng Lëscht vun de Reschtdosissen. Do hu mer 23.000 Leit drop stoen.“
Bis elo sinn eng ronn 90.000 Leit fir d'zweet Kéier geimpft. De Chiffer vun de Leit, déi op der Intensivstatioun behandelt ginn, läit awer zanter Enn Mäerz quasi onverännert bei ronn 30. Dee vun de Patienten op der Normalstatioun ass dogéint ferm erofgaangen.
Wierklech opgeotemt kann awer eréischt ginn, wann all d'Leit déi wëllen, och hier zweet Impfung kritt hunn. Wou si mer do drun?
„Mir schwätze vun der éischte Kéier bis d’Summervakanz, wa mer soen de 15. Juli wier eist Zil, fir déi duerch ze hunn. Wa mer déi Dose kréien, déi eis versprach gi sinn, ass dat realistesch. Mee et ass ëmmer dee ganz grousse „Wann“. Kréie mer déi Dosen, déi eis versprach gi sinn? Wa jo, da kréie mir bis d’Summervakanz d’Leit mat der 1. Dosis geimpft.“

De Luc Feller a seng Equippe bereede sech awer schonn op déi nächst Impfcampagne vir. Am Dezember, sou gëtt gerechent, ass et méiglech, datt eng drëtt Impfung géint de Coronavirus néideg wäert ginn. Sief et, fir en effikasse Schutz géint Mutatioune vum Virus ze hunn oder als Opfrëschung vum Vaccin. Wou et higeet, weess een zu Lëtzebuerg nach net. Genausou, wéi och net am Rescht vun der Welt.
Un enger souzesoen drëtter Impf-Phas gëtt awer och scho geplangt. Do sollen dann och ënner anerem d'Hausdoktere kënnen an den Impf-Prozess mat agebonne ginn.
Wann Impfstoff disponibel ass, géing d'Populatioun och séier duerchgeimpft sinn, sou de Luc Feller. Bleift dann elo just ze hoffen, datt keen neie Vaccin néideg gëtt, fir en effikasse Schutz ze garantéieren.
