
14 LuxairTours-Cliente ware vun der Quarantän am Hotel H10 Costa Adeje Palace op Teneriffa betraff. 8 vun hinne konnte schonn de leschte Weekend zeréck op Lëtzebuerg kommen.
Déi 6 Persounen, déi aktuell nach am Hotel waren, goufen dëse Freideg op en Neits getest. Soubal d'Resultater vun den Analysen do sinn an si negativ op de Covid-19-Virus getest goufen, gi si zeréck op Lëtzebuerg bruecht, esou de Joe Schroeder vun der LuxairGroup.

Obwuel d'Leit op Teneriffa hu misste bleiwen, geet et hinnen aktuell gutt. D'Luxair war wärend de leschte Wochen dauernd mat de Leit a Kontakt.
RTL NEWS: Hotel ënner Quarantän: 14 LuxairTours-Clientë sëtzen op Teneriffa fest: Infoe si limitéiert
RTL NEWS: Éischt Fäll an Éisträich an a Kroatien confirméiert