En Dënschdeg koum d'Nouvelle, dass et an engem Hotel op der spuenescher Vakanzeninsel Teneriffa e Verdacht op de Coronavirus gëtt.

En Dënschdeg am spéide Moien huet Teneriffa en éischte Verdachtsfall op de Coronavirus gemellt. En italienesche Gaascht am Hotel "H10 Costa Adeje Palace" gouf e Méindeg positiv op de COVID-19 getest. Et géif een den Ament awer en zweeten Test ofwaarden. Wéi Medie schreiwen, wier och den Test beim Mann senger Fra positiv ausgefall.

Honnerten Hotelsgäscht dierfen de Moment den Hotel net verloossen, dorënner iwwer 100 Leit aus der Belsch.

De 4-Stären-Hotel ass am Programm vu LuxairTours. Vun hinne koum d'Confirmatioun, dass 14 vun hire Clienten am Hotel wieren. Dorënner 4 Lëtzebuerger, 6 Belsch a 4 Fransousen. Och Tui bitt den Hotel un. Vun hinne gouf confirméiert, dass ronn 200 Tui-Clienten aus verschiddene Länner do iwwernuechte géingen.

Déi betraffe Persoune géifen net a Quarantän sëtzen, mä et géif sech ëm eng "Inspection sanitaire" handelen, sot eis de LuxairTours-Direkter Alberto Kunkel. Och eng Porte-parole vun der Santé op Teneriffa, d'Veronica Martín, huet ausgesot, dass d'Leit ënner "sanitärer Kontroll" stinn.

Gouf am Ufank nach vun der "Inspection sanitaire" geschwat a gesot, datt d'Leit ënner "sanitärer Kontroll" géife stoen, koum am Laf vum Dënschdeg den Owend d'Confirmatioun, datt den Hotel ënner Quarantän gesat gi wier.

D'Leit kruten en Dënschdeg de Moien gesot, datt se 14 Deeg laang mussen am Hotel bleiwen.

En Dënschdeg am fréien Owend huet d'Direction de la santé an engem Communiqué matgedeelt, dass déi LuxairTours-Clienten, déi d'lescht Woch an deem Hotel waren an an Tëschenzäit heiheem sinn, a Quarantän gesat goufen. Et géif hinnen all gutt goen a kee géif Zeeche vun enger Infektioun weisen.

Lëtzebuerger Betraffenen: Zelt mat Doktere virum Hotel opgeriicht

Et hätt een an der Nuecht e Blat Pabeier ënnert d'Dier gedréckt kritt, wou drop stoung datt den Hotel aus sanitäre Grënn zougemaach gi wier an d'Leit gebiede wieren op den Zëmmeren ze bleiwen.

AUDIO: Lëtzebuerger zu Teneriffa / Rep. Tim Morizet

D'Stroosse ronderëm den Hotel sinn och gespaart ginn, esou de Lucien Spellini, ee vun de Lëtzebuerger Clienten, deen de Moment am Hotel festsëtzt.

Den Ament hu se virun der Dier en Zelt opgeriicht. Mat Schutzwänn ronderëm. An do sinn Dokteren, déi sech den Ament verkleeden, fir dann eran ze kommen, fir eis ze ënnersichen.“

D'Informatiounen, déi een sur Place kritt, wiere limitéiert. Vun deenen enge Säiten heescht et, datt een zwou Woche géif festsetzen. Vun aneren, datt een déi nächst 2 bis 3 Deeg misst ofwaarden. Aus Sécherheetsgrënn goufen d'Leit och gebieden, esou mann ewéi méiglech Zäit op de Gäng ze verbréngen an d'Klimaanlagen auszeschalten. Och d'Personal am Hotel gouf reduzéiert.

Vum Personal ass knapp Hallschent, vläicht nach ee Véierel do. Déi lafen den Ament mat de Maske ronderëm, fir eis e bëssen eppes z'iessen dohinner ze stellen. Mir kréie kléng 0,5l Fläsche mat Waasser, wou mer esou vill huelen, wéi mer brauchen“

D'Atmosphär am Hotel wier awer eng roueg, heescht et vum Lëtzebuerger Visiteur.

Et kann ee sech esou vill opreegen, ewéi ee well, et ass eben esou. Mir mussen elo hei setzen a waarden, wat kënnt elo.“

E Samschde sollt d'Vakanz vum Lucien Spellini a senger Fra eriwwer sinn. Wéini de Retour op Lëtzebuerg geet, bleift fir den Ament opstoen.

LuxairTours bitt Alternativen un

RTL

De LuxairTours-Clienten, déi déi nächst zwou Wochen hir Rees am Hotel geplangt haten, kréien all Alternativen ugebueden. Si kënnen awer och hir Rees stornéieren, dat bis den 11. Mäerz. Wat Vollen op Venedeg a Mailand an Openthalter a Norditalien ugeet, kënnen d'Clienten hir Rees och stornéieren, dat bis den 8. Mäerz. Deen Delai ass verlängert ginn. E Méindeg hat et geheescht, den Delai géif bis den 1. Mäerz gëllen.

Op der Plaz huet LuxairTours eng Kontaktpersoun, mat där ee sech permanent iwwert d'Situatioun op der Plaz austauscht. Et wier een op alle Fall prett, wann zum Beispill Maske gebraucht ginn a Leit musse rapatriéiert ginn. De weidere Verlaf muss vun de spueneschen Autoritéiten decidéiert ginn, esou de Spriecher Joe Schroeder vu LuxairTours.

AUDIO: Coronavirus zu Teneriffa / Rep. Nadine Gautier

Lëtzebuerger, déi vun Teneriffa zeréck sinn

En Dënschdeg den Owend huet d'Direktioun vun der Santé wëssen gedoen, dass déi LuxairTours-Clienten, déi d'lescht Woch schonns an deem concernéierten Hotel waren an an Tëschenzäit heiheem sinn, isoléiert goufen. Et géif hinnen all gutt goen a kee géif Zeeche vun enger Infektioun opweisen.

Eisen Informatiounen no soll et sech esouwuel ëm Erwuessener wéi och Schüler handelen. Eng genee Zuel gëtt vun der Santé net genannt.

Residenten, déi d'lescht Woch och op Teneriffa waren, awer an aneren Hoteller wéi dem „H10 Costa Adeje Palace" iwwernuecht hunn, hätten iwwerdeems just e ganz klenge Risiko fir eng méiglech Infektioun. Si sollten awer hire Gesondheetszoustand iwwerwaachen an am Fall vu Féiwer oder Otemproblemer direkt den 112 oder d'Sanitärsinspektioun informéieren.

Spuenesche Gesondheetsministère muss Decisioun treffen

E brittesche Gaascht huet AFP géintiwwer ausgesot, sämtlech Leit missten den Ament op hiren Zëmmer bleiwen, bis den zoustännege Gesondheetsministère eng Decisioun geholl huet. D'Leit wieren dëst duerch e Schreiwes gewuer ginn, dat ënnert der Kummerdier duerchgedréckt ginn ass.

A Spuenien goufe  bis ewell 2 Infektioune mam neie Virus registréiert, eng den 31. Dezember an eng den 9. Februar. Et géif sech ëm en däitschen Tourist op der Insel La Gomera handelen an ee britteschen Tourist op der Baleareninsel Mallorca.

D'Regierung zu Madrid huet sech bis elo géint Grenzkontrollen am Kader vum Coronavirus ausgeschwat.

Och an Éisträich an a Kroatien gouf et en Dënschdeg en éischte Verdacht op de COVID-19.

Lëtzebuerger aus betraffene Regioune ginn zeréckbruecht

3 Lëtzebuerger goufe bis ewell aus Regiounen, wou den COVID-19 Virus sech staark verbreet, rapatriéiert. De 16. Februar war et eng éischt Persoun déi aus der Provënz Hubei a China iwwer Berlin mat der Air Rescue op Lëtzebuerg a Quarantaine bruecht gouf. Zwou weider Persoune goufen de leschte Freideg nom Fluch op Paräis vum CGDIS zeréck an de Grand-Duché gefouert. Rapatriementer aus Teneriffa oder Norditalien sinn den Ament awer net virgesinn. Am Fall wou dat néideg gëtt, wier een awer scho prett.

Mir hunn eng Basisformatioun fir den Transport vun ugestache Patienten. An dann hänkt et vun der Krankheet of, do kënne mer dann eis Formatioun och upassen. An dësem Fall eben de Coronavirus. Mir analyséieren all Dag d’Situatioun an informéieren dann eist Personal. Wann elo eng Missioun mat engem Patient, deen ugestach wier, misst gemaach ginn, dann géinge mir d’Protokoller och nach emol opfrëschen.

Bei ustiechende Krankheeten, wéi dat beim Coronavirus de Fall ass, mussen déi Lëtzebuerger Autoritéiten engem Repatriement zoustëmmen.

Coronavirus: Air Rescue ass virbereet / Rep. Tim Morizet

Communiqué

Mise sous quarantaine par les autorités sanitaires espagnoles d'un hôtel sur l'île de Ténériffe suite à la découverte d'un touriste italien infecté par le virus du COVID-19.

Communiqué par: Direction de la santéLa Direction de la santé a été informée ce mardi 25 février 2020 de la mise sous quarantaine par les autorités sanitaires espagnoles d'un hôtel sur l'île de Ténériffe suite à la découverte d'un touriste italien infecté par le virus du COVID-19. L'hôtel accueille également des clients de LuxairTours.

L'inspection sanitaire de la Direction de la santé a contacté ce jour tous les clients de LuxairTours ayant séjourné dans cet hôtel la dernière semaine et qui sont retournés entretemps à Luxembourg pour les mettre également en quarantaine. Actuellement, tous se portent bien et personne ne présente des signes d'infection.

Les résidents qui ont séjourné à Ténériffe la semaine passée mais dans des hôtels différents sont à considérer comme des personnes à faible risque. Ils ne doivent pas être mis en quarantaine, mais sont invités à surveiller leur état de santé (prise de température deux fois par jour) et d'informer immédiatement l'inspection sanitaire au téléphone 247-85650 ou via le 112 en cas de symptômes (fièvre, toux ou difficultés respiratoires). Il est également rappelé qu'en absence de symptômes il est inutile de procéder à un test diagnostic à la recherche du virus du COVID-19.

Les recommandations détaillées peuvent être consultées sur le portail santé (www.sante.lu) et seront tenues régulièrement à jour en fonction de l'évolution de l'épidémie au niveau mondial.

La Direction de la santé, ensemble avec le Haut-Commissariat à la Protection nationale, le ministère de la Mobilité et des Travaux publics et LuxairTours, suit la situation de près.