Enquête geet weider6 Méint zu Lëtzebuerg vermësst, elo am Saarland erëmfonnt

RTL Lëtzebuerg
Zenter dem 20. August war dat 16 Joer jonkt Eva zu Lëtzebuerg vermësst ginn. E Sonndeg konnt se an der Mëttesstonn am Saarland lokaliséiert ginn.

D’Kriminalpolice vun Tréier huet d’Eva an Zesummenaarbecht mat der Police aus dem Saarland a Sécherheet konnte bréngen. Am Laf vum Sonndeg Nomëtteg gouf déi jonk Fra der Lëtzebuerger Police iwwerginn.

D‘Eva ass an der Tëschenzäit an engem Lëtzebuerger Spidol a gëtt momentan betreit, schreift hir Mamm eis op Nofro hin. D’Famill ass natierlech erliichtert.

D’Enquête geet awer weider. Et muss iwwerpréift ginn, wat déi genee Ëmstänn vun hirem Verschwanne sinn an ob d’Eva eventuell Affer vu Strofdote gouf.

Back to Top
CIM LOGO