Coronavirus zu Lëtzebuerg6 nei confirméiert Fäll, keng nei Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 88 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 6 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.729. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.020 Residenten.

Vun den 3.729 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.123 geheelt, 518 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

© Santé

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 39.102 Tester gemaach. Zanter e Sonndeg waren et der 99 an dovunner waren der 6 positiv.

Aktuell sinn 141 (-5) Patienten hospitaliséiert, 20 (-2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 790 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

© Santé

Back to Top
CIM LOGO