
Tëscht 23.30 an 3 Auer goufen 145 Chaufferen ugehalen. 4 Mol war den Test positiv. Zwee Führerschäiner hu missen agezu ginn.
Och zu Suessem war eng grouss Alkoholkontroll, tëscht 2.30 a 4 Auer. 46 Automobilisten hunn hei misse blosen. 9 haten der ze vill gedronk. Zwee Führerschäiner goufen ofgeholl.
Zu Branebuerg gouf ee Chauffer ugehalen, deen Zickzack gefuer ass. Hien hat ze déif an d'Glas gekuckt a krut de Permis ewechgeholl.
Och zu Käl krut en Automobilist de Führerschäin agezunn, well en ze vill gedronk hat.
Bei enger Kontroll zu Gaasperech an der Rue de la Déportation um Freideg den Owend géint 20 Auer hat e presuméierten Dealer probéiert, 4 Tute mat Marihuana an enger Poubelle ze verstoppen. D'Beamten hunn hien dobäi erwëscht a konnten am Ganze 16,5 Gramm Marihuana sécherstellen. De Mann gouf protokolléiert.
Um 21.20 Auer ass enger Patrull dunn an der Stroossbuerger Strooss e Mann opgefall, dee sech an der Entrée vun engem Appartementshaus en Joint gedréint huet. De Mann huet doropshi probéiert, eng kleng Quantitéit Haschisch ënnert e geparkten Auto ze geheien. D'Droge goufen awer séchergestallt an de Mann gouf protokolléiert.
Géint Mëtternuecht goufen dunn am Garer Quartier e puer Persounen erwëscht, wéi si Heroin op oppener Strooss konsuméiert hunn. D'Drogen an eng Waff, déi bei enger vun de Persoune fonnt gouf, goufe saiséiert.
20 bis 25 Jugendlecher ware bei enger Manifestatioun uneneegeroden.
Blesséiert gouf wéi et schéngt keen.