
E Samusdokter war och op der Plaz um 20.50 Auer tëschent Béiwen un der Atert a Biissen, hei waren 2 Autoen aneneegerannt an et gouf eng Persoun blesséiert. An och zu Diddeleng ware kuerz no 22 Autoen zwee Autoen aneneegerannt, och hei gouf et ee Blesséierten.
Tëschent Elweng a Wëntreng huet de Sonnde de Moie kuerz virun 8 Auer en Auto gebrannt. Wéi den 112 mellt, wier eng Persoun do blesséiert ginn. Eng weider Persoun ass verwonnt ginn um hallwer 11 op der Collectrice du Sud, hei war en Auto accidentéiert.