Statec614.000 Awunner hat Lëtzebuerg op den 1. Januar dëst Joer

RTL Lëtzebuerg
Bal 12'000 Leit si bannent engem Joer bäikomm. 47% vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. 53% sinn also Lëtzebuerger.

Wéinst de villen Naturalisatiounen zejoert ass den Undeel vun Auslänner liicht zréck gaangen ëm 0,4%. Lëtzebuerg bleift en Immigatiounsland mat engem Solde migratoire vu knapp 10.660 Persounen. Iwwer 24.600 Mënsche sinn an d'Land komm a knapp 14.000 hunn et verlooss.

D'Liewenserwaardung fir eng Fra läit hei am Land bei 84,5 Joer. Fir d'Männer sinn et 80 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun der Populatioun läit bei 40,2 Joer fir d'Fraen an 38,7 Joer fir d'Männer. D'Auslänner sinn däitlech méi jonk wéi d'Lëtzebuerger.

Mat 30,8 Joer kréien d'Fraen an der Moyenne hiert 1. Kand. 1,38 Kanner sinn et am Duerchschnëtt. D'Zuel vun de Gebuerten ass 2018 an d'Luucht gaangen op 6.274. Dat awer nëmmen, well d'Net-Lëtzebuerger méi Kanner kritt hunn, bei de Lëtzebuerger sinn d'Gebuerten ëm 2,5% erof gaangen.

Wat nach d'Bestietnisser ugeet, sinn zejoert manner Leit bestuet ginn. Par Konter ass d'Zuel vun de Scheedungen an d'Luucht gaangen. Knapp 1900 Bestietnisser gouf et, 48 dovunner tëscht gläichgeschlechtleche Partner. Deem vis-a-vis stinn 1.230 Scheedungen.

© Statec

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO