Iwwert de Weekend677 Positiver, kee weidert Doudesaffer a 46 Covid-Patienten am Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschte 72 Stonne 677 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL-Grafik

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg si keng weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 862.

Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 677 positiv Fäll bei 8.125 Tester. 71 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 283 e Samschdeg an 323 e Freideg.

Den Ament si 46 Persounen hospitaliséiert (-5), dovunner 10 (+1) Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 877.115 Impf-Dosisse genotzt, 425.158 Leit gëllen als komplett geimpft.

Aktuell ginn et 3.332 aktiv Infektiounen, 82.443 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,19. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO