
Kuerz no 20 Auer war tëscht Béiweng a Fenteng e Won accidentéiert, a kuerz virun 21.30 Auer krute sech zu Bieles zwee Gefierer ze paken. Et goufen allkéiers zwou Persoune blesséiert.
Ee Blesséierte goufe et kuerz virun 22 Auer an der Stad an der Route d'Esch. Hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm.
Eng Persoun gouf och verwonnt, wéi géint 22.30 Auer zu Schëffleng en Auto an eng Mauer gerannt war.
Schonn am fréien Owend, géint 17.40 Auer gouf et zu Diddeleng an der Rue du Centenaire en Accident, woubäi och eng Persoun huet musse medezinesch betreit ginn.