CGDIS7 Blesséierter um Mëttwoch am Nomëtteg op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Biekerech an Uewerpallen sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Dobäi goufen et 3 Blesséierter.
© Domingos

Weider ass en Auto, dee vu Mäerzeg a Richtung Groussbus gefuer ass, an e Bam gerannt. Bei dësem Accident koum et zu engem Blesséierten. Op der N26 a Richtung Noutem sinn och zwee Gefierer net laanschtenee komm. Hei gouf et ee Blesséierten.

An der Géigend vun der Houschter-Déckt ass e Cyclist de Rampli erofgaangen. Och hien huet misse medezinesch versuergt ginn. Bei enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto an der Escher Strooss an der Stad ass et iwwerdeems och zu engem Blesséierte komm.

Doriwwer eraus hu souwuel zu Reiler, wéi och op der N7 tëscht Housen a Maarnech Felder gebrannt. Zwee Mol waren d’Pompjeeën op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO