
An der Moyenne waren d‘Patienten 7 Deeg do am Spidol. Et gouf méi wéi 173.000 Röntge gemaach a méi wéi 24.000 IRMen. Bal 32.000 mol gouf an den Hôpitaux Robert Schuman operéiert.
Interessant sinn och d’Zuele vun den Urgencen: 49.284 Erwuessener sinn 2022 an der Urgence passéiert, bei Persounen ënner 18 Joer waren et der 17.202.