Coronavirus zu Lëtzebuerg7 Mënsche gestuerwen, vu 776 Tester waren der 151 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt 7 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn et elo 360 Doudeger.

Aktuell sinn 202 Patienten hospitaliséiert, dovunner 39 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.324 aktiv Infektiounen, 29.792 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO