Coronavirus zu Lëtzebuerg711 Positiver bei 5.920 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 896 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 82 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 26 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 983.706 Impf-Dosisse genotzt. 7.107 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.

En Dënschdeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 188,17 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 74,81 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO