
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn 3 weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 910.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 734 positiv Fäll bei 6.225 Tester. 29 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 129 e Samschdeg an 576 e Freideg. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 3,92 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 4,88 op 100.000.
Den Ament sinn 68 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.044.975 Impf-Dosisse genotzt, 441.910 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 5.521 aktiv Infektiounen, 93.286 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.