CGDIS8 Accidenter an 3 Bränn zanter en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Net manner wéi 9 Blesséierter goufen et zanter en Dënschdeg den Owend 17.30 Auer op eise Stroossen.

Géint 21.45 Auer en Dënschdeg den Owend hate sech op der Paräisser Plaz op der Stater Gare zwee Ween ze pake krut. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um Lampertsbierg an der Avenue de la Faïencerie ware géint 20.15 Auer zwee Autoen net laanscht enee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Hënchereng an der Route d'Esch ware kuerz no 19 Auer en Auto an e Motto anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et dann nach an engem Accident géint 18 Auer zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss. Hei hate sech zwee Gefierer ze pake krut.

Kuerz no 17.30 Auer war zu Hollerech um Boulevard Charles Marx ee Passant vun engem Auto ugestouss ginn. Zwou Persoune goufe verwonnt a kuerz viru 17.30 Auerwaren tëscht Lampech an Zolwer zwee Ween anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Zu Izeg an der Rue de Sandweiler war kuerz no 20 Auer eng Gasfläsch a Brand geroden. D'Pompjeeë vun Hesper waren op der Plaz.

Géint 21 Auer hat et u Esch an der Rue de Belval an engem Gaardenhaischen gebrannt. D'Pompjeeë vun Esch, Suessem-Déifferdeng a Schëffleng waren am Asaz.

Och um Mëttwoch de Moie koum et zu Accidenter a Bränn

Kuerz no 7 Auer hate sech op der Diddelenger A3 op der Héicht vun der Douane en Auto an e Moto ze pake kritt. Hei gouf et ee Blesséierten.

Géint 7.35 Auer war et zu Ouljen eng Kollisioun tëscht 3 Autoen.  Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

An um 8.17 Auer stoung um Kierchbierg an der Rue Joseph Hess eng Heck a Flamen.

Back to Top
CIM LOGO