
Um 12.20 Auer gouf zu Ettelbréck an der Rue Pierre Wiser eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D’Ambulanz aus der Nordstad war hei am Asaz.
Ronn eng Véierel Stonn méi spéit hate sech dann an der Rue de Luxembourg zu Esch-Uelzecht 2 Autoen ze pake kritt. Den Asazzenter vun Esch hat sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
2 Blesséierter gouf et, wéi géint 14.50 Auer um CR168 tëscht Schëffleng an Näerzeng 2 Autoen aneneegerannt waren. Hei waren den Asazzenter vu Schëffleng an d’Ambulanze vu Diddeleng a Beetebuerg op der Plaz.
Eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion gouf et dann um 15.37 Auer op der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Den Asazzenter vu Colmer-Bierg an d’Ambulanz aus der Nordstad waren op der Plaz.
Géint 16.10 Auer waren dann tëscht dem Zéissenger Kräiz an Helfent 2 Autoe matenee kollidéiert. D’Rettungsdéngschter vu Monnerech an aus der Stad hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Nëmmen e puer Minutte méi spéit war dunn en Auto an der Areler Strooss um Belair accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanuz vu Mamer war op der Plaz.
Eng weider Kéier Auto géint Camion huet der dunn um 16.30 Auer tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz op der A3 geheescht. Hei waren d’Asazentere vu Beetebuerg an dem Réiserbann an d’Ambulanz aus der Stad an den Asaz geruff ginn. Eng Persoun gouf medezinesch versuergt.