"Fir e sachlechen a faire Walkampf"8 Parteien hunn de Walkampfaccord fir d’Europawalen den 9. Juni ënnerschriwwen

Diana Hoffmann
Mat dobäi waren déi 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, a Fokus.

Anescht wéi déi lescht Europawale konnt ee sech deemno dës Kéier ënner groussen a klenge Parteien eens ginn.

Déi lescht Campagne hätt ee mat Panneaue villäicht iwwerdriwwen, huet d’Stéphanie Weydert, Co-Generalsekretärin vun der CSV ënnerstrach. Dofir wëllt een dës Kéier ganz op déi sougenannten Hohlkammerplakater u Luuchtepottoen a Beem verzichten. Dëst aus ekologesche Grënn a wéinst der Verkéierssécherheet.

Groussflächeg Panneaue gi pro Partei op 120 limitéiert, an och Holzplakater däerfe pro Partei just 50 opgestallt ginn. Toutes-boîte sollen et vum Depot vun de Lëschten den 10. Abrëll u maximal 2 ginn. Och d’Gadgete sinn op 2 verschiddener pro Partei an 1 Bic limitéiert. Woubäi alimentaire Gadgeten ouni Plastik an al Gadgeten, déi nach am Stock sinn, do net inclus sinn.

Fir d’Diffusioun vu Reklammen an de Printmedien, um Radio, um Internet an op der Tëlee gouf sech, wéi och scho bei den Nationalwalen, op e Budget vun 100.000 Euro festgeluecht. Woubäi wéi och deemools schonn d’Produktiounskäschten net inclus sinn.

Den offizielle Startschoss fir de Walkampf ass de 6. Mee. Vum 4. Mee u kënnen d’Parteien hir Panneauen ophänken.

De Co-Parteipresident vun der LSAP, den Dan Biancalana, huet drop higewisen, dass et sech beim Accord awer net ëm e juristesche Kader handelt. Et wier en Engagement, e gewëssent Verhalen un den Dag ze leeën. Deemno kënnen och keng Sanktioune geholl gi bei Verstéiss. “Mer si frou, dass mer keng Materialschluecht wäerten hunn, wéi mer se an der Vergaangenheet scho mol haten”, huet d’Co-Parteipresidentin vun déi Gréng, d’Djuna Bernard, ënnerstrach.

An der Vergaangenheet hu kleng Parteie Walkampfaccorden heefeg net matgedroen. Deene Lénke wieren zum Beispill d’Limitatiounen dacks net wäit genuch gaangen, huet d’Carole Thoma vun Déi Lénk ënnerstrach. Et wäerten ëmmer nach Ënnerscheeder tëscht de Moyene vun de Parteie ginn. “An awer si mer frou mat dësem Accord”, sou d’Politikerin. Besonnesch well keng Hohlplakater méi wäerten opgehaange ginn.

Och de Frank Engel vu Fokus freet sech, dass ee géing mat deenen Dommheete vun Hohlkammerplakater ophalen. Och wann et soss net vill Modifikatioune par rapport zu viregten Accorde géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO