1.071 Invitatioune verschéckt809 Persoune bis viru 6 Deeg beim CGDIS geimpft

Fanny Kinsch
Beim CGDIS goufe bis viru 6 Deeg 1.071 Invitatioune fir eng Impfung verschéckt a 809 Persoune geimpft, vun am Ganze ronn 4.000 Leit, déi do am Asaz sinn.

Dat wier dee leschte Stand, deen een hätt, krute mir op Nofro gesot. Enn Januar hätt een eng Lëscht bei der Santé eragereecht, op där Prioritéiten opgestallt waren, wien am séierste sollt dru kommen. Do wier nom Alter gekuckt ginn, der Zort Aarbecht, déi d’Persoun mécht, a wéi vill Stonne se all Woch am Asaz ass, egal ob fräiwëlleg oder haaptberufflech. Elo hätt ee keen Afloss méi dorop, wéini wien dru kënnt.

Membere vum CGDIS wieren aktuell an den Impfzenter am Asaz, fir de Fall, dass et engem géing schlecht ginn, awer och fir administrativ Tâchen z’assuréieren. Déi wieren awer och nach net all geimpft.

De Generaldirekter vum CGDIS gouf iwwerdeems nach net geimpft. De Paul Schroeder hat e Méindeg op Twitter op d’Aussoe vum Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman reagéiert, datt et zum "Business Continuity"-Plang vum Spidolsgrupp gehéiert hätt, d’Presidence vum Verwaltungsrot z’impfen. Beim CGDIS géing dee Plang och ouni Impfung fonctionéieren.

Effektiv hätt ee sech bei den Nout- a Rettungsdéngschter ganz fréi sou opgestallt, datt egal wéi kéint weidergeschafft ginn, och wa Leit wéinst Covid ausfale géingen, esou de Spriecher vum CGDIS op Nofro hin, duerch e sanitäert Konzept an zum Beispill doduerch, datt d’Ekippe sech net méi kräizen. Dorop hätt de Generaldirekter ugespillt.

Back to Top
CIM LOGO